Kultur
D'Belsch trauert ëm dem Johnny Hallyday
6 min
No der Annonce vum Doud vum Johnny Hallyday goufen et Hommagen un de groussen Artist vun alle Säiten, net nëmmen a Frankräich mä och ganz besonnesch an der Belsch. De belschen Premier Charles Michel huet vun engem "immense artiste populaire" geschwat, an fir déi belsch Kulturministesch Alda Greoli war et e "chanteur hors catégorie". Virun allem awer an de Stroossen bei eisen belschen Noperen spiert een nom Doud vum Johnny Hallyday en emotionalen Op an Of. An der Bréisseler Métro ass gëschter de ganzen Dag Musek vum Johnny gelaf, dorënnre och seng gréisst Succèsen wéi "Que je t'aime", "Le Pénitentier" oder "Allumez le feu". An och op der "Grande Place" an der belscher Haaptstad stoungen honnerten vun Johnny -Fans beieneen fir Musek vun hirem Idol ze lauschteren, de Kleeschen huet do gëschter just déi zweet Gei gespillt. Fir vill Leit zu Bréissel huet et och eng grouss Bedeitung datt den Johnny Hallyday zur Halschent e Belsch ass. Vu Bréissel d'Loreline Merelle