Invité:e vum Dag
Armand Drews
17 min
De Cercle des ONG fuerdert méi Koherenz vun de Politiken an de Beräicher Handel, Ëmwelt a Klimaschutz. Och de Klimawiessel suergt fir Migratioun a Flüchtlingskris, seet de Cercle. Weider fuerdert d'Plattform, datt Projeten, déi net an den Zillänner vun der Kooperatioun realiséiert ginn, weiderhin zu engem héije Prozentsaz ënnerstëtzt ginn, wa si verschidde Kritären erfëllen. Virun allem wann et ëm d'Mënscherechter geet. Iwwert déi Themen diskutéiert d'Carole Schimmer mam President vum Cercle des ONG de développement, dem Armand Drews.