Key to Classics
Nei Sakralmusek am 17. Joerhonnert
30 min
An der Renaissance entwéckelt sech een anert Mënschebild, e Mënsch, dee sech vu Gott emanzipéiert a selbstänneg handelt. Dëst neit Mënschebild fënnt och säin Néierschlag an der Musek: am neie Genre vun der Oper awer och an der geeschtlecher Musek. Mat dozou bäigedroen huet d'Reformatioun, déi Distanz tëscht de Mënschen a Gott iwwerwanne wëllt. Aus Italien kënnt de Museker, deen dës Zäit wesentlech gepräägt huet: de Claudio Monteverdi. Wéi de Monteverdi a seng Zäitgenossen d'Sakralmusek verännert hunn, dat ass dem Joachim Fontaine säin Thema.