Aktuelles
1. Dezember: Welt-Aids-Dag 2017
4 min
Den 1. Dezember, dat ass all Joers, um Welt-Aids-Dag, de Rappell, datt HIV nach ëmmer ënnerschat a ganz dacks och bei eis ignoréiert gëtt. Eigentlech onverständlech an enger Gesellschaft, wou mir gewinnt sinn, zu all Moment an iwwer alles direkt informéiert ze sinn. Ënner anerem och doriwwer, datt AIDS nach ëmmer, a fir wuel ganz laang, weder geheelt ka ginn, nach datt et een Impfstoff géint d'Krankheet géing ginn. De Kampf géint AIDS muss also weidergoen, duerch gezielt an objektiv Informatioun. D'Sandy Kubaj, déi Responsabel vun der HIV-Berodung vum Lëtzebuerger Roude Kräiz, am Gespréich mam Gilles Wunsch.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)