Konferenzen
Zwischen Ergebenheit und Misstrauen
Dat üblecht Bild vun der Maria Theresia als allgemeng héich veréiert Herrscherin a léif Landesmutter weist, a Bezuch op hiert Verhältnis zu de béimesche Länner, sou muenche Rëss op. Zwar hat si géintiwwer de béimesche Landsleit hir frëndlech a respektvoll Gesënnung zum Ausdrock bruecht, an d'Untertane sinn hir och mam obligatoresche Respekt entgéintkomm. An deem Sënn krut Maria Theresia och bei alle Visitten e frëndlechen Empfang, awer hanner der Fassad war dëst Verhältnis vu béide Säiten éischter problematesch.
Prof. Jiří Mikulec - Musée Dräi Eechelen
De Prof. Dr. Jiří Mikulec ass wëssenschaftleche Mataarbechter am historeschen Institut vun der Akademie vun de Wëssenschaften an der Tschechesche Republik zu Prag, Abteilung fir Geschicht vun der fréier Neizäit. Hien ënnerriicht un der Karls-Universitéit Prag an un der Universitéit vu Pardubice.
Opgeholl a verschafft vum Carlo Link am Kader vun der Ausstellung "300 Jahre Maria Theresia - La Femme aux multiples couronnes".