arrow_back_ios
Kultur
De Lucien Clergue am Cercle Cité
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
2015 gouf am Grand Palais de Paris eng grouss Lucien Clergue Ausstellung gewisen. Ee Joer virdru war de Fotograf mat 80 Joer gestuerwen. D'Expo hat vill Succès, esou datt d'Galeristin Anne Clergue, dem Kënschtler seng Duechter, doraus eng Wanderausstellung maache wollt. Si huet mat den Amis des Musées vu Lëtzebuerg Kontakt opgeholl, mat der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, an esou ass de Projet Lucien Clergue-Poète Photographe am Cercle Cité ukomm. D'Kerstin Thalau war kucken.