Blue Note
Thelonious "Sphere" Monk at a 100
59 min
2017 ass en historescht Joer fir den Jazz. Viru genee 100 Joer sinn zwou Ikone vum Jazz - den Trompetiste Dizzy Gillespie an de Pianiste Thelonious "Sphere" Monk gebuer. Den Thelonious Monk war eng extrem interessant an komplex Perséinlechkeet, mat op där enger Säit engem extrem kreativen DNA a Brillianz, engem eckege Spill an zäitlose Kompositiounen an op der anerer Säit enger vill ze spéit diagnostizéierter Bipolaritéit, déi dacks zu falsch verstanene Verhalenszich gefouert hunn. E Portrait mam Stefano Agostini.