Kultur
20. Doudesdag Barbara
9 min
De 24. November 1997 stierft eng vun de grousse Perséinlechkeete vum Chanson: "la Dame au piano," wéi d'Barbara och genannt gouf. Si huet net nëmmen de franséische Chanson Ufank den 1960ger Jore revolutionnéiert, mä als weiblech "Auteur-Compositeur-Interprête" Museksgeschicht geschriwwen. Mat hirer engagéierter Poesie, gefillvolle Kompositiounen, emotional déiwen Texter an Inhalter, déi dérangéiert hunn, konnt d'Barbara de Publikum faszinéieren. De Claude Mangen portraitéiert dës facettëräich Legend vum franséische Chanson.