arrow_back_ios
Zäithistoriker
D'Flüchtlingsfro an d'Importatioun vun Nazi-Denkweisen
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
Déi éischt grouss, international Victoire vun den Nazie war, datt si et fäerdegbruecht hunn, hir Siicht vu der Flüchtlingsfro duerchzesetzen an aus den Affer, Schëlleger ze maachen. Et sinn net d'Nazien, déi an den Nopeschlänner accuséiert goufen den Antisemitismus ze verbreeden, mä grad déi Leit, déi verzweiwelt versicht hunn, der Fal z'entkommen. Andeems dat Drëtt Räich d'Judde verdriwwen huet, huet et seng Obsessiounen a säin Weltbild exportéiert. Och op Lëtzebuerg.