arrow_back_ios
Kultur
Eng männlech Mona Lisa?
Dat deierst Bild, dat bis elo verkaf gouf, war e Picasso mat engem Rekord vun 179 Milliounen Dollar. Dat war am Joer 2015. Elo gouf beim Auktiounshaus Christie's zu London e Bild fir 450 Milliounen Dollar versteet, et soll en Tableau vum Leonardo da Vinci sinn. E Bild dat awer eréischt 2011 enger breeder Ëffentlechkeet virgestallt gouf. En neie Rekord fir en Tableau, deem seng Hierkonft an Originalitéit awer och ugezweiwelt ginn. De Christian Mosar mat Detailer.