Radioen

On air

Tockcity  |  Slenderbodies - Before

play_arrow Live
arrow_back_ios

New Cotton Club

100komma7.lu / New Cotton Club

/ A Tribute to Julie London

A Tribute to Julie London

Gayle Peck, esou de biergerlechen Numm vun der Sängerin a Schauspillerin Julie London, gebuer 1926 zu Santa Rosa a Kalifornien. Virun allem war si fir hir méi déif a ganz sensuell Stëmm beléift. D'Carrière vun der Julie London, mat 32 Albumen, ass beandrockend.
Mä d'Julie London als Schauspillerin war och net onbekannt, si huet an hirer Carrière 20 Filmer opzeweisen. Wie sech un d'Serie "Emergency" oder "Notruf California" aus de 70er Joren erënnert, kennt d'Kënschtlerin an der Roll vun der Dixie McCall.

Episoden