Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Astrid Sonne - Say You Love Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Anger Fest 2017

Anger Fest 2017

Anger Fest Vol. II

Am Interview ass den Organisateur vum Benefiz-Festival Anger Fest Vol.2 - Metal Against Animal Cruelty (25.11. Kufa Esch). Mat derbäi sinn Exposer, Sublind, Cosmogon, Scarlet Anger, Last Prophecy a Burning Witches. De Vince Niclou erzielt eis bëssen iwwert de Feedback vun zejoert, stellt de Line-Up vun dësem Joer vir an erzielt, wien d'Suen, déi erakommen, dann dës Kéier gespent kritt.

Release vun der Woch: Cavalera Conspiracy - Psychosis (8,5/10)

De Max Cavalera schéngt sech lues awer sécher ëmmer méi vun deem ze distanzéieren, wat hien deemools, nach mat Sepultura, mat Roots ugefaangen huet - notamment immens vill Groove an Tribal Elementer an der Musek ze verschaffen. Mat Soulfly huet hie bekanntlech do viru gemaach, wat e mat Roots ugefaangen hat a mat sengem anereProjet, deen en zesumme mat sengem Brudder op d'Been gestallt huet, nämlech d'Cavalera Conspiracy, war et am Ufank och bëssend'selwecht. Ma esouwuel bei Soulfly, wéi och bei Cavalera Conspiracy goung et an de leschte Joren nees méi a Richtung old school Sepultura. Zwar sinn déi brasilianesch Bëschkläng ni ganz aus dem Cavalera senger Musek verschwonn, ma mat Roots huet alles, wat déi zwee hautesdags maachen, just nach wéineg ze dinn.

Psychosis, den neisten Album vu Cavalera Conspiracy, deen haut erauskomm ass, ass de beschte Bewäis dofir. Och wa Roots cool war an den Tribal Nu Metal vu Soulfly mech och eng ganz laang Zäit begeeschtert huet, mierken ech awer ëmmer nees, dass de Cavaleraen hiert Material besser gëtt, wat si sech méi vun hirem eegenen Nu Metal ewech beweegen - a Psyhosis ass wuel och dee Cavalera Album, deen am noosten un dat erukënnt, wat Sepultura op Schizophrenia, Beneath The Remains oder Arise gemaach hunn..



Ganz op den Nu Metal verzichten d'Cavalera Bridder op Psychosis dann awer net, wat virun allem duerch Effekter héierbar gëtt, déi dacks iwwerflësseg sinn a vum Wesentlechen oflenken, wéi z. B. d'orientalesch Gittar an Impalement Execution.

Esou Elementer anzebauen ass natierlech net verbueden an et gëtt vill Bands an allméigleche Genre maachen, ma op engem Album, deen ee sou gutt fënnt, well een d'Gefill huet, dat hätt kënnen dat sinn, wat Sepultura gemaach hätten, hätte si Roots ni erausbruecht an hätt de Max d'Band ni verlooss..., bëssen onnéideg.

Trotz dëse klenge Schéinheetsfeeler ass Psychosis wuel de beschte klassesche Sepultura Album zënter Chaos A.D.

Playlist

Vader - Dark Age

The Unguided - Blodbad (Live)

Burning Witches - Black Widow

Amberian Dawn - Dragonflies

Adimiron - Stainles

Cannibal Corpse - Red Before Black

Cavalera Conspiracy - Spectral War

RAM - On Wings of No Return

Testament - More Than Meets The Eye

Kraton - Tyrant

Episoden