Kultur
E Magritte-Tableau ass erëmfonnt ginn
Et ass eng Geschicht ronderëm en Tableau vum belsche Moler René Magritte, déi scho bal e surrealisteschen Touch huet. "La pose enchantée" heescht dësen Tableau, deen zwou plakeg Frae weist, déi sech op Kolonne stäipen, en Tableau deen am Joer 1932 verschwonnen ass. D'Toile war a véier Stécker zerschnidde ginn, an d'Stécker op der Welt verdeelt. Zënter 2013 goufen dräi Stécker erëmfonnt. An elo dann ass dat véiert Stéck vun dësem Tableau vum Magritte och nees do. Eng Reportage vu der 100,7-Bréissel Korrespondentin Loreline Merelle.