Konferenzen
Wat kënne Muséeë sammelen a wat solle se weisen?
Mat eppes iwwert 620.000 Euro Aquisitiounsbudget am Joer läit de Mudam wäit ënnert deem, wat e Musée haut un Dotatioune bräicht, fir sech eng representativ Konschtsammlung ze leeschten. Mä kënne Muséeën haut iwwerhaapt nach Wierker op engem Konschtmarché kafen, op deem d'Präisser immens héich leien?
An der Schlusskonferenz vun der Luxembourg Art Week goung et ëm déi aktuell Sammelaktivitéit an och dorëms, wéi een dat weise kann a soll. Dës Table Ronde vum 5. November gëtt moderéiert vum radio 100,7-Mataarbechter Christian Mosar.