arrow_back_ios
Kultur
Alfred Komarek - deen e bëssen anere Krimiauteur
Den éisträichesche Botschafter Gregor Schusterschitz ass besonnesch beméit, fir Kultur ze förderen. Wine and crime ass ee vun den Eventer, déi reegelméisseg vun him a senge Mataarbechter organiséiert ginn, fir déi éisträichesch Literatur zu Lëtzebuerg ze presentéieren. Valerija Berdi war bei dësem spannenden Owend derbäi, wou den Alfred Komarek aus sengem Kriminalroman gelies huet.