arrow_back_ios
Blue Note
Woody Shaw revisited
Zesumme mat aacht aneren Trompettisten huet de Brian Lynch d'Musek vum Hardboptrompettist Woody Shaw ënnert enger Latin-Jazzperspektiv revisitéiert. De Woody Shaw, deen an de 70er Joren zu den innovatiivsten Jazzbléiser gehéiert huet, an deen haut e bëssen an de Vergiess geroden ass, ass nëmme 44 Joer al ginn. De Jitz Jeitz vergläicht d'Originalopname vum Woody Shaw mat den neien Interpretatiounen vum Latinspezialist Brian Lynch.