Kultur
De Bruiteur
Et ass e Beruff an der Welt vum Kino, deen éischtens net vill Leit kennen, an deen zweetens extrem ënnerschat ass. De Bruiteur, datt heescht déi Persoun, déi nodréiglech Geräischer op e Film dropsetze kann. Geräischer wéi d'Trëtt vun enger Persoun, Läffelsgeschir rabbele loossen, d'Klicke vun enger Pistoul oder och nach d'Geräisch, fir an en Apel ze bäissen. De Bruiteur bekëmmert sech nom Tournage drëms, datt all déi Geräischer an de Film integréiert ginn. Geräischer virun allem, déi den Dialog vu Persoune während dem Filmdréi kéinte stéieren. A Frankräich ginn et eng drësseg där Bruiteuren. An der Belsch kann ee se op de Fangeren vun enger Hand zielen, och wa bei eise belschen Noperen ëmmer méi Filmer realiséiert ginn. D'Loreline Merelle war an e Bruitage-Studio luussen an huet eng gelleg Ali-Baba-Hiel, e puer Kilometer vu Bréissel ewech, erlieft.