arrow_back_ios
Zäithistoriker
Männer vu gëscht a vun haut
E bësse Vietnam an Ho Chi Minh, vill Musek a sexuell Revolutioun, eng Grëtz MLF a Fraebefreiung, freche Witz a Fantasie géint eng verknöchert, äerzkathoulesch Gesellschaft: Sou stellt de Regisseur Andy Bausch a sengem Film Sixty8 d'Nowéie vun der Studentebeweegung '68 zu Lëtzebuerg duer. Iwwert d'Fuerderung no Befreiung vun der Fra, déi och an dësem Mouvement en Thema war, gëtt ee leider nëmme wéineg gewuer. E bleift bei Sex, Drugs and Rockn'Roll stoen, fënnt d'Zäithistorikerin Renée Wagener.