arrow_back_ios
Kultur
Käpp mat eegenem Kapp
"Ech wollt ni Tasen an Tellere maachen": dofir mécht d'Monique Schroeder Keramikskäpp. Awer keng mat blénkege Glasuren. Ëmsou méi expressiv geroden hir Skulpturen, déi, während si an hiren Hänn entstinn, och alt mol en eegene Kapp manifestéieren. D'Kënschtlerin ass ëmmer op de Spuere vun interessante Gesiichter, an der Literatur, an der Konscht, oder einfach am Liewen. Vum 10. November u kann een hir Aarbechten zu Dikrech gesinn. D'Cléo Thoma war si op Bauschelt, an hiren Atelier, besichen.