arrow_back_ios
Key to Classics
Romantesch Pianosmusek
"Der Kongress tanzt" - dat war de Bonmot ronderëm de Wiener Kongress vun 1815. Während Diplomaten sech ëm eng nei politesch Uerdnung an Europa beméit hunn, gouf am Entourage Walzer gedanzt. Et war de Startschoss an d'Zäit vum Biedermeier, an där virun allem Strauß-Dynastie fir deen néidegen Entertainment gesuergt huet, bis de Frédéric Chopin koum. Hien huet aus dem Walzer eng romantesch Konschtform gemaach.