Blue Note
Benoit Martiny a Michel Pilz
Invité beim Pit Dahm a Pol Belardi ass de Michel Pilz, deen iwwert säi musikalesche Wee, säi Wee zur Bassklarinett a seng Konzeptioun vum Jazz zielt. Mat vun der Partie ass säin neien Duo-Partner an der Persoun vum Benoit Martiny, deen zu de villsäitegste Batteuren an eisem Land gehéiert. Et kennt een hien als Hip-Hop-Batteur bei de Läb, mat méi haarde Formatioune wéi Cultura Tres oder The Trick, awer och als Leader vun der Benoit Martiny Band, déi sech iergendwou tëscht Led Zeppelin an den Jazz Messengers plazéiere léisst. Déi zwee Museker presentéieren hir neiste Plack, déi den 9. Dezember am Gudde Wëllen virgestallt gëtt.