Konferenzen
De franséisch-britesche Jurist Philippe Sands
De franséisch-britesche Jurist Philippe Sands huet mat "Retour à Lemberg" (Original: "East West Street") ee Buch iwwert d'Entstoe vum modernen internationale Recht an der Suite vum Zweete Weltkrich geschriwwen. Hie portraitéiert an deem Buch déi zwee jiddesch Juristen Hersch Lauterpacht a Raphael Lemkin, déi mat hire Konzepter vum Verbrieche géint d'Mënschlechkeet a vum Genozid groussen Afloss op den Nürnberger Prozess géint d'Nazi-Krichsverbriecher geholl hunn.
Portraitéiert gëtt och den däitsche Jurist Hans Frank, Affekot vum Adolf Hitler a Generalgouverneur vum occupéierte Polen. An den Auteur erzielt d'Geschicht vu sengem Grousspapp, dem Leon Buchholz, deen als Judd virun den Nazien op Paräis geflücht ass.
Den 10. Oktober war de Philippe Sands op Invitatioun vum Max Planck Institut fir ee Virtrag zu Lëtzebuerg. D'Pia Oppel mat engem Zesummeschnëtt vun der Konferenz.