arrow_back_ios
Kultur
Filmkritik: Thor: Ragnarok vum Taika Waititi
Et ass bei aller Seriositéit um Radio 100,7 kee Geheimnis, dat déi hausintern Filmspezialisten gären Superheldefilmer kucke ginn. D'Joer iwwer woren der schons vill um Rendez-Vous an nächste Mount steet deen nächsten un. Säit leschtem Mëttwoch ass den australesche Schauspiller Chris Hemsworth nees an der Roll vum nordesche Gott Thor ze gesinn, deen a sengem drëtte Film Thor: Ragnarok ouni säin Hummer géint den Antagonist untriede muss. Den Tom Dockal wor de Film kucken.