Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Sam Wilkes & Jacob Mann - Siri, How Do I Know If I Have Commitment Issues?

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Samael & Cannibal Corpse

Samael & Cannibal Corpse

Samael

Samael gehéieren zu de Pionéier vum Black Metal, ënnert anerem och dowéinst, well si sech net iergendwelleche Genre-Barrièren ënnerwerfen, mä der Kreativitéit ëmmer fräie Laf gelooss hunn, an de Bord vum Genre ëmmer méi gepusht hunn. Am Interview mam Sänger a Gittarist Vorph hunn ech probéiert erauszefannen, wéi si et fäerdeg bruecht hunn, ëmmer nees de Stil ze änneren an awer onverkennbar ze bleiwen ... a wéi si dat och nees op hirem neisten Album 'Hegemony' gemaach hunn, deen dëse Mount erauskoum.

Release vun der Woch: Cannibal Corpse - Red Before Black (8/10)

Wéi Cannpibal Corpse 1990 mat hirem Debutalbum Eaten Back To Life d'Metal Welt op d'Kopp gehäit hunn, hu si selwer grad esou ee geféierlechen Androck gemaach wéi déi Mëll an hire kranken Texter. Och wann dës Bedreelechkeet hautesdaags net méi grad sou intensiv ass an de Schock-Faktor ofgeholl huet, sou si Cannibal Corpse dach nach ëmmer eng ganz explosiv musikalesch Kombo an och de 14. Album Red Before Black, deen den 3. November bei Metal Blade erauskënnt, ass e richtegt Béischt ginn.

Wié gewinnt gëtt et och um 10. Album mat der mënschlecher Wandmillen George "Corpsegrinder" Fisher weider Geschichten iwwer Zerstéierung, Mord, Douschlag a verstëmmelt Kadaveren.. Dat ganzt natierlech nees mat der knallhaartster Musek ënnermoolt.



A wéi dat bei Cannibal Corpse nun emol sou ass, ass och den neien Album Red Before Black voll mat geschéckten old-school death metal Schauergeschichten à la Code of the Slashers oder Shedding my Human Skin.

Den Titeltrack ass richteg massiv an däiwlech, währenddeems sou Tracks wéi Corpus Delicti nach emol dat musikalescht Kënne vun de Gittariste Pat O'Brien a Rob Barret ervirhieft, déi an engem Stuerm duerch den Album shredden.. Och wa Cannibal Corpse sech nees bësse widerhuelen, Red Before Black ass en Album dee gutt an de Rescht vun der Diskographie passt.

Playlist

Celtic Frost - Circle Of The Tyrants (To Mega Therion; Combat Records; 1985)

Firespawn - Full Of Hate (The Reprobate; Century Media; 2017)

Samael - Hegemony (Hegemony; Napalm; 2017)

Satyricon - To Your Brethren In The Dark (Deep Calleth Upon Deep; Napalm; 2017)

Moonspell - Desastre (1755; Napalm; 2017)

Vredehammer - Suffocate All Light (Single; Indie Recordings; 2017)

Cannibal Corpse - Code Of The Slashers (Red Before Black; Metal Blade; 2017)

Svart Crown - Orgasmic Spiritual Ecstasy (Abreaction; Century Media; 2017)

Fusion Bomb - Beertroopers Of Death (Pravda; Independent; 2017)

Episoden