arrow_back_ios
Kultur
Den drëtte lëtzebuerger Monster Walk zu Esch
Sffs ass net d'Bezeechnung fir e Roboter: d'Ofkierzung steet fir "Science fiction and fantasy society Luxembourg". Gegrënnt gouf se 1995 fir de Fans vum Genre eng Méiglechkeet ze ginn, sech aus ze tauschen, zesumme Rollespiller ze spillen, Filmer an aner Evenementer gemeinsam ze genéissen. Richteg bekannt ass mëttlerweil d'Luxcon, d'"Convention", déi d'Sffs am Fréijoer organiséieren. Am Hierscht invitéieren d'Memberen op de "Monster Walk", 2017 fir d'drëtt. Explicatioune Kerstin Thalau.