arrow_back_ios
Kultur
40. Editioun vum Festival du Film Italien zu Villerupt
De Mount Oktober ass säit enger ganzer Rëtsch vu Joren eng verhältnisméisseg stresseg Zäit fir déi lokal Cinéphilen. Ass e Sonndeg eréischt den 10. Rendez-Vous mam osteuropäesche Kino op en Enn gaangen, sou steet vu Muer Freideg un - hannert der Escher Grenz zu Villerupt - de schons wierklech traditionelle Rendez-Vous mam italienesche Kino virun der Dier. Den Tom Dockal wees, wat déi nächst zwou Woche leeft.