arrow_back_ios
Kultur
"Mission" oder wéi staark kann de Glaawe sinn
De flammännesche Dramatiker David Van Reybrouck huet sech emol mat en etlechen Missionären déi an Afrika geschafft hunn ënnerhalen. Aus dëse Gespréich eraus ass dunn de Monolog "Mission" entstanen, wou de Pater Grégoire am Mëttelpunkt steet. Hien erzielt iwwert seng 40 Joer déi hien als Missionar am Kongo gelieft a geschafft huet. D'Regisseurin Marja Leena Junker bréngt dësen Text elo mam Francesco Mormino an der Roll vum Père Grégoire op d'Bühn vum Théâtre du Centaure.