Kultur
"Skylight", eng emotional Achterbunn
Dem Realisateur Stephen Daltry säi Film "The Reader" deen 2009 mam Kate Winslet den Oscar fir déi beschten Weiblech Haaptroll gewonnen hat, an dernieft fir Véier weider Oscaren nominéiert war, ass Iech sécher e Begrëff. De Zeenario vun dësem Film koum vum briteschen Dramatiker David Hare. Abee den Théâtre Ouvert, den TOL proposéiert vu moar un David Hare op hirer klenger intimer Bühn mam Stéck "Skylight". De Metteur en scène Jérome Varanfrain hëlt den Zuschauer mat op en extremen emotionalen Op an Of natierlech och mam speziellen briteschen Humor.