Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Sam Gendel & Fabiano do Nascimento - Poeira

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ L. A. Guns & Samael

L. A. Guns & Samael

L.A. Guns

No bal 15 Joer kënne Fans vun der Band L. A. Guns sech nees iwwert en authenteschen Album freeën, nodeems d'Bandmemberen, déi sech Ufank vun den 2000er getrennt haten a mat zwou Versioune vun der Band mam selwechten Numm weidergemaach hunn, elo nees zesummefonnt hunn an och zesummen en neien Album gemaach hunn. De Sänger Phil Lewis ass dem David Wagner säin Invité.

Release vun der Woch: Samael - Hegemony (7,5/10)

6 Joer no hirem leschte Studioalbum hu sech Samael dëse Mount mat hirem neien Album Hegemony zréckgemellt. De mëttlerweil eeleften Album vun de Schwäizer kënnt domat passend zum drësseg-järege Bandjubiläum. Souwuel den Titel wéi och de Cover vum Album maachen en zimlech dystopeschen Androck an erënneren dach bëssen un Illuminati, notamment d'Dräieck an d'Aen um US-Dollar Schäin. An dorëms schéngt et och um Album ze goen.

Stilistesch si Samael op Hegemony deem trei bliwwen, wat si och well déi lescht puer Albume gemaach hunn, et ass also relativ wéineg Black Metal am kalssesche Sënn vum Wuert, grad esou wéineg Elektro Elementer à la Passage oder Eternal gëtt et, och wann ee vun dësem Album kloer ka soen, dass et sech ëm Industrial Black Metal handelt. Dat ganzt ass dann och nees wéi gewinnt zimlech symphonesch; d'Gittaren an d'Drums weise sech wéi ëmmer stampfend, déi eng oder aner Kéier awer och mol gäre schwéierfälleg, sou dass et scho bëssen death-doomeg gëtt.



A Punkto Melodie ass virun allem Rite of Renewal ze ernimmen, ma och ganz hannen um Album si puer ganz staark Stécker ze fannen, wéi z. B. Dictate Of Transparency an een Track mat deem ech net gerechent hat, nämlech e Cover vun de Beatles hirem Helter Skelter.

En negative Punkt op Hegemony ass awer deen, dass et relativ wéineg Dynamik gëtt an all Lidd iergendwié ähnlech kléngt. Och wann dës duerchaus cool sinn, vermësst een dach awer bëssen d'Ofwiesslung. E richtegen Highlight gëtt et deemno och net, ma duerch déi agängeg Melodien an déi typesch Samael Atmosphär ass den Album awer gelongen.

Playlist

Sepultura - Beneath the Remains (Beneath The Remains; Roadracer; 1989)

Trivium - Betrayer (The Sin And The Sentence; Roadrunner; 2017)

L.A. Guns - Speed (The Missnig Peace; Frontiers Music; 2017)

Cannibal Corpse - Red Before Black (Red Before Black; Metal Blade; 2017)

Arch Enemy - The Race (Will To Power; Century Media; 2017)

Samael - Hegemony (Hegemony; Napalm; 2017)

Apocalyptica - Harvester Of Sorrow (Plays Metallica By Four Cellos; Mercury/Universal; 1996)

Cultura Tres - Waiting For You (La Secta; Independent; 2017)

Episoden