arrow_back_ios
Kultur
Wéi ass de Poet Pablo Neruda gestuerwen?
Et ass ëmmer nees en Thema, op de chilenesche Poet Pablo Neruda un enger Kriibserkrankung gestuerwen ass, oder op en net awer vergëft gouf. Elo bougéiert et nees an dësem Dossier, well Experten der Äntwert iwwert dem Neruda säin Doud e Stéck méi no komm sinn. Kloer ass elo op alle Fall, datt den Neruda net u Kriibs gestuerwen ass, wéi bis ewell ëmmer ugeholl. Ob de Literaturnobelpräislaureat vu 1971 awer ëmbruecht gouf, muss iwwert weider Analyse gekläert ginn. Informatioune vum Jean Claude Majerus.