arrow_back_ios
Blue Note
Den Adam Rogers
Den New Yorker Gittarist Adam Rogers huet mat der crème de la crème vun der haiteger Jazzzeen gespillt. Vu Michael Brecker bis Norah Jones, iwwerall goufe seng Déngschter gefrot an appreciéiert. De Jeff Herr presentéiert virun allem dem Rogers seng sëllech Solowierker an hëlt seng verschidde Formatiounen aus de leschten 20 Joer méi genee ënnert d'Lupp.
Um 23:00 héiert Dir an der Emissioun CD-Jazz dem Adam Rogers säin neiste Meeschterwierk: DICE