arrow_back_ios
Zäithistoriker
Urdäitsch Muselfranke mat italieneschen Originen
An den 1930er Jore war déi italienesch Communautéit schonn um Wee vun der totaler Assimilatioun an der Lëtzebuerger Gesellschaft. Dat beweist zum Beispill déi paradoxal Tatsaach, datt eenzel italieneschstämmeg Lëtzebuerger während dem Krich bereet waren, sech an der däitscher Volksgemeinschaft z'integréieren. De wichtegste Lëtzebuerger Parteifunktionnär an der VdB war e Nokomme vun italieneschen Awanderer. Hannergrënn vum Zäithistoriker Vincent Artuso.