arrow_back_ios
Kultur
D'Su-Mei Tse rifft géint d'Instrumentaliséiere vun der Konscht op
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
D'Su-Mei Tse ass Musekerin a bildend Kënschtlerin. An hiren Aarbechte verbënnt si Luucht, Toun, Rhythmus a Bild. An zwar op esou eng interessant an intelligent Manéier, datt hir Installatioun am Lëtzebuerger Pavillon op der Biennale vu Venedeg 2003 mam gëllene Léiw ausgezeechent gi war. Bis Abrëll 2018 ass am Mudam hir nei Ausstellung "Nested" ze gesinn. Mä op der Presentatioun vun der Expo wollt d'Kënschtlerin fir d'éischt en anere Message lassginn. Explikatioune vum Kerstin Thalau.