Invité:e vum Dag
Philippe Sands
19 min
De franséisch-britesche Jurist huet mat "Retour à Lemberg" ee Bestseller iwwert d'Entstoe vum modernen internationale Recht an der Suite vum Zweete Weltkrich geschriwwen. Hie portraitéiert déi zwee jüddesch Juristen Hersch Lauterpacht a Raphael Lemkin, déi mat hire Konzepter vum Verbrieche géint d'Mënschlechkeet a vum Genozid groussen Afloss op den Nürnberger Prozess géint d'Nazi-Krichsverbriecher geholl hunn. Beliicht gëtt och den däitsche Jurist Hans Frank, perséinlechen Affekot vum Adolf Hitler a Generalgouverneur vum occupéierte Polen. An den Auteur erzielt d'Geschicht vu sengem Grousspapp, dem Leon Buchholz, deen als Judd virun den Nazien op Paräis geflücht ass.
Am Gespréich mam Pia Oppel schwätzt de Philippe Sands iwwert säi Buch, iwwert déi aktuell Menacë fir d'internationaalt Recht, an iwwert de Brexit.