Et gëtt esou musikalesch Zesummenaarbechten, do freet ee sech mol fir d'éischt, wann een d'Nimm liest: ob dat da klappe soll? Den irakeschen Oud-Spiller Rahim Alhay huet viru Kuerzem en Album erausginn, "Letters From Irak", ob deem säin orientalescht Traditiouns-Instrument vun engem klassesche Sträicherquartett begleet gëtt - an dat klappt!
Bamako trëfft op New York
An et klappt och beim Sech-Begéine vum Trio Da Kali mam Kronos Quartet, um Album "Ladilikan", deen elo bei World Circuit Records erauskoum. En traditionellen Trio aus dem Südmali op där enger Säit, op der anerer en Ensemble mam Image 'berühmt-berüchtegt': véier amerikanesch Klassiker vun der Ostküst, déi als Quartet zënter 1973 an hiren zäitgenësseschen Interpretatioune scho mat Leit wéi Steve Reich, Alan Ginsberg, Philippe Glass oder Tom Waits zesummegeschafft hunn - alles Nimm, bei deenen een esou e klenge Smile op d'Gesiicht kritt, sech drop Freed, wéi eng Grenzen dann elo erëm iwwerschratt solle ginn, u wéi enge fest am Traditiounsbëtong verankerte Klischeeë geknabbert gëtt.
Mam Album "Ladilikan" erweidert de Kronos Quartet seng apaart Rendez-Vous-Serie - och wann e schonn emol Ähnleches mam Rokia Traoré probéiert huet, 1993 war dat, op zwee Stécker vun der Sängerin hirem Album "Bowmboï". De Mix vu World a Klassik ass dës Kéier manner dramatesch gehalen, wéi bei dëser 90er Erfahrung, en erweist sech als vill méi fléissend a lëfteg. Et ass e Matenee vun zwou Geien, enger Braatsch an engem Cello, déi sech mat Marimba, Balafon a Gesang getraff hunn. Direkt gesot: et ass en harmonescht Matenee vun Eenzelelementer, déi scheinbar ouni Ustrengung zesummefléissen, obwuel si aus verschiddene Famillen a Kulturen kommen. Dat Afrikanescht gëtt kloer den Toun un: mat besonnesch de faszinante Vibratioune vun de Perkussiounsinstrumenter deenen ee sech schwéier entzéie kann, och déi faszinant Stëmm vum Hawa Diabaté, déi Akzenter setzt an der Traditioun vum Griot, der Geschichtenerzielerin ... plus dann d'Gesellschaft vu klassesche Säiten, op deenen net ëmmer dat gespillt gëtt, wat ee sech esou vu Sträicher erwaart ... an alles ergänzt sech, wéi wann dës musikalesch Besetzung dat Natierlechst vun der Welt wier ...
Och mol schrill a schréi
"Ladilikan" vum Kronos Quartet mam Trio Da Kali beweist op en Neits, datt en duerchaus Neies ka kreéieren, ouni seng eegen Identitéit mussen opzeginn ... datt en dës Crossover-Experienz, dës nei Pied déi betruede ginn, net nëmme musikalesch gelonge sinn, mä och mat dozou bäidroen, d'Angscht virum Onbekannten ofzebauen ... déi Angscht, déi dacks hemmt, bremst, Viruerteeler mat opbaut. Villes, fir net ze soen Alles, rullt op dësem Album, dacks a gemittlechem Tempo, dreift an hëlleft sech géigesäiteg weider. Virtuositéit ass op béide Säiten assuréiert a verschmëlzt, leeft zesummen, passt beieneen. En Album, deen awer och regelméisseg um Beemche rëselt ... sympathesch schrill a schréi, just da wann ee sech wollt genësseg an der Fotell zréckleeën. Do sinn et dann d'Leit vum Kronos Quartet, déi aus der Këscht sprangen a Bamako definitiv d'onugepasst New Yorker Avantgarde-Mentalitéit verpassen.
A well mir jo ëmmer Tendenz hunn, Etiketten op Musek ze pechen, géif ech dës net alldeeglech Zesummenaarbecht tëscht den Afrikaner an den Amerikaner an de Rayon Ehnoklassik setzen, Ënnertitel "Aventure mat Innovatiounsgeescht". Oder wéi si am Mali soen: d'Liewen dréit den Numm Verännerung. D'Musek, op d'mannst an dësem Fall, och.