Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Primal Scream - Love Insurrection (Edit)

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Ethno-Klassik-Crossover

Ethno-Klassik-Crossover

headphones

7 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Et gëtt esou musikalesch Zesummenaarbechten, do freet ee sech mol fir d'éischt, wann een d'Nimm liest: ob dat da klappe soll? Den irakeschen Oud-Spiller Rahim Alhay huet viru Kuerzem en Album erausginn, "Letters From Irak", ob deem säin orientalescht Traditiouns-Instrument vun engem klassesche Sträicherquartett begleet gëtt - an dat klappt!

Bamako trëfft op New York

An et klappt och beim Sech-Begéine vum Trio Da Kali mam Kronos Quartet, um Album "Ladilikan", deen elo bei World Circuit Records erauskoum. En traditionellen Trio aus dem Südmali op där enger Säit, op der anerer en Ensemble mam Image 'berühmt-berüchtegt': véier amerikanesch Klassiker vun der Ostküst, déi als Quartet zënter 1973 an hiren zäitgenësseschen Interpretatioune scho mat Leit wéi Steve Reich, Alan Ginsberg, Philippe Glass oder Tom Waits zesummegeschafft hunn - alles Nimm, bei deenen een esou e klenge Smile op d'Gesiicht kritt, sech drop Freed, wéi eng Grenzen dann elo erëm iwwerschratt solle ginn, u wéi enge fest am Traditiounsbëtong verankerte Klischeeë geknabbert gëtt.

Mam Album "Ladilikan" erweidert de Kronos Quartet seng apaart Rendez-Vous-Serie - och wann e schonn emol Ähnleches mam Rokia Traoré probéiert huet, 1993 war dat, op zwee Stécker vun der Sängerin hirem Album "Bowmboï". De Mix vu World a Klassik ass dës Kéier manner dramatesch gehalen, wéi bei dëser 90er Erfahrung, en erweist sech als vill méi fléissend a lëfteg. Et ass e Matenee vun zwou Geien, enger Braatsch an engem Cello, déi sech mat Marimba, Balafon a Gesang getraff hunn. Direkt gesot: et ass en harmonescht Matenee vun Eenzelelementer, déi scheinbar ouni Ustrengung zesummefléissen, obwuel si aus verschiddene Famillen a Kulturen kommen. Dat Afrikanescht gëtt kloer den Toun un: mat besonnesch de faszinante Vibratioune vun de Perkussiounsinstrumenter deenen ee sech schwéier entzéie kann, och déi faszinant Stëmm vum Hawa Diabaté, déi Akzenter setzt an der Traditioun vum Griot, der Geschichtenerzielerin ... plus dann d'Gesellschaft vu klassesche Säiten, op deenen net ëmmer dat gespillt gëtt, wat ee sech esou vu Sträicher erwaart ... an alles ergänzt sech, wéi wann dës musikalesch Besetzung dat Natierlechst vun der Welt wier ...

Och mol schrill a schréi

"Ladilikan" vum Kronos Quartet mam Trio Da Kali beweist op en Neits, datt en duerchaus Neies ka kreéieren, ouni seng eegen Identitéit mussen opzeginn ... datt en dës Crossover-Experienz, dës nei Pied déi betruede ginn, net nëmme musikalesch gelonge sinn, mä och mat dozou bäidroen, d'Angscht virum Onbekannten ofzebauen ... déi Angscht, déi dacks hemmt, bremst, Viruerteeler mat opbaut. Villes, fir net ze soen Alles, rullt op dësem Album, dacks a gemittlechem Tempo, dreift an hëlleft sech géigesäiteg weider. Virtuositéit ass op béide Säiten assuréiert a verschmëlzt, leeft zesummen, passt beieneen. En Album, deen awer och regelméisseg um Beemche rëselt ... sympathesch schrill a schréi, just da wann ee sech wollt genësseg an der Fotell zréckleeën. Do sinn et dann d'Leit vum Kronos Quartet, déi aus der Këscht sprangen a Bamako definitiv d'onugepasst New Yorker Avantgarde-Mentalitéit verpassen.

A well mir jo ëmmer Tendenz hunn, Etiketten op Musek ze pechen, géif ech dës net alldeeglech Zesummenaarbecht tëscht den Afrikaner an den Amerikaner an de Rayon Ehnoklassik setzen, Ënnertitel "Aventure mat Innovatiounsgeescht". Oder wéi si am Mali soen: d'Liewen dréit den Numm Verännerung. D'Musek, op d'mannst an dësem Fall, och.

Episoden

E Liewen tëschent "primitiver" a "ziviliséierter" Welt

Extrait aus engem Gespréich mat der Ethnologin Aparecida Vilaça iwwer hiren indigenen "Adoptivpapp".
headphones

1 min

play_arrow

Bolis Pupul op de Congés Annulés

De Bolis Pupul, mat richtegem Numm Boris Zeebroek, ass net egal wien, wann et ëm elektronesch Popmusek geet. Haut den Owend (1.8.) steet hien an de Rotonden op der Bün.
headphones

8 min

play_arrow

"La main qui tient le stylo ne peut pas tirer."

seet de franséisch-bosnesche Schrëftsteller Velibor Čolić .
headphones

14 min

play_arrow

Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”

Kleeder als Spigel vun der Lëtzebuerger Gesellschaft
headphones

7 min

play_arrow

Zur Bloer Stonn

Een Tour iwwer d’Grenze vu Stad a Bësch, Dag an Nuecht an Dram a Realitéit
headphones

10 min

play_arrow
Zaeren Vol. 2 - Hiphop-Concert an de Rotonden

Zaeren Vol. 2 - Hiphop-Concert an de Rotonden

Haut den Owend (30.7.) an de Rotonden: fënnef Hiphop-Acts aus Däitschland a Lëtzebuerg. En Interview mat de Responsabele vun der Zaeren ASBL: Benji Rock a Charel Even
headphones

8 min

play_arrow
"Hiren Doud ass wéi eng Bibliothéik ze verléieren" | © Fotobuddy

"Hiren Doud ass wéi eng Bibliothéik ze verléieren"

E Gespréich mat der brasilianescher Ethnologin Aparecida Vilaça iwwer hiren indigenen "Adoptivpapp"
headphones

23 min

play_arrow

Eemol Ofstellgleis, ëmmer Ofstellgleis: “Un coeur outragé” vum Philippe Torreton

Ee Portrait vun engem “malade de l’imaginaire”
headphones

7 min

play_arrow
Filmkritik: "Die Ermittlung"

Filmkritik: "Die Ermittlung"

Extrait aus dem Grousse Kino iwwer d'Adaptatioun vum Peter Weiss sengem berüümten Auschwitz-Prozess-Stéck
headphones

13 min

play_arrow
Kulturagenda vun der Woch

Kulturagenda vun der Woch

Wat fir Kulturevenemter ginn et dës Woch am Land?
Sladjana Perkovic - Dans le fossé

Sladjana Perkovic - Dans le fossé

E Roman, dee mat ganz vill Humor an Authentizitéit déi aktuell Gesellschaft um Balkan zeechent.
headphones

9 min

play_arrow
“Terrasses” vum Laurent Gaudé

“Terrasses” vum Laurent Gaudé

Eng Erzielung, déi sech empathesch gëtt, a Wierklechkeet awer eidel a wéineg inspiréiert ass.
headphones

5 min

play_arrow
Albumkritik: Los Campesinos - All Hell

Albumkritik: Los Campesinos - All Hell

An der Hell fällt ee wëllt Lagerfeier net op ...
headphones

7 min

play_arrow

Lëtzebuerg op der Konscht-Biennale zu Venedeg: Am Gespréich mat der Stina Fors

Mat Drums an engem Konscht-Leviathan der Technophobie entgéintwierken.
headphones

9 min

play_arrow

Tartu ass Kulturhaaptstad 2024 an d'Justine Blau ass dobäi

Der Lëtzebuerger Kënschtlerin hir Konscht am Kontext vum Tartu2024-Motto “The Art of survival”
headphones

17 min

play_arrow
Buchkritik: B. M. Gonner - "Heimliches Gebet. Vom Trockenrasen (und nahebei)" (Mishikusa Publishing)

Buchkritik: B. M. Gonner - "Heimliches Gebet. Vom Trockenrasen (und nahebei)" (Mishikusa Publishing)

E poetescht Lueflidd op d'Flora um Dréchewuess via de frësche Bléck vun der Kandheet
headphones

4 min

play_arrow
E populären Held

E populären Held

“Här a Meeschter” (9K/Op der Lay) ass den Optakt-Album vum Zeechner Marc Angel senger neier Serie.
headphones

4 min

play_arrow
Francofon BD-Gréisst Yoann schwätzt iwwer de Franquin | © Nicolas Calmes

Francofon BD-Gréisst Yoann schwätzt iwwer de Franquin

Am Interview um 30. BD-Festival zu Conter
headphones

34 min

play_arrow
Déi nei Filmer dës Woch | © Tessy Steffen Koenig

Déi nei Filmer dës Woch

Den Iwwerbléck vun der Programmatioun
headphones

4 min

play_arrow
“Terrasses” vum Laurent Gaudé

“Terrasses” vum Laurent Gaudé

Eng Erzielung, déi sech empathesch gëtt, a Wierklechkeet awer eidel a wéineg inspiréiert ass.
headphones

5 min

play_arrow