Zäithistoriker
Vum Sockel gestierzt
11 min
Dëse Summer wor an den USA e Summer vun der Konfrontatioun. Nieft villen anere Streidereien tëscht dem President Trump an der US-amerikanescher Oppositioun goung et och ëm d'Ofrappe vu Monumenter fir Protagoniste vun der Sklaverei. D'Manifestatiounen, die schnell eskaléiert sinn, hu gewisen, wéi vill Konfliktstoff d'Sklaverei an de Rassismus, ob deem sengem Fundament se konnt opgebaut ginn, haut nach enthalen.Mee och an Europa stellt sech d'Fro, wéi et mat Statuen a Stroosse soll ëmgoen, déi net zu demokratesche Grondprinzipie passen. D'Zäithistorikerin Renée Wagener huet déi Fro opgegraff.