Kultur
Vu Soen a Seeërcher
9 min
Hutt Dir schonn emol eng Seechen erzielt kritt, oder scho selwer eng verzielt. Oder wësst Dir net méi richteg, wat eng Seechen oder eng So ass? "Lëtzebuerger Soen. Wat soen se dann?" ass muer an iwwermuer (13./14.10.) eng Soirée an der Schungfabrik zu Käl/Téiteng iwwerschriwwen. De Roger Seimetz huet sech mat Seeërcher a Soen beschäftegt, an hie verzielt zesumme mam Christiane Rausch an enger moderner Uucht, wat Soe sinn, wéi si entstinn a wat se "soen". An net nëmmen déi al Soen, mä och, wéi ee se haut nenn, d'Urban Legends gi beliicht. Detailer vum Jean Claude Majerus.