Invité:e vum Dag
Pierre Gramegna
18 min
De Finanz- a Budgetsminister rechent fir 2018 mat engem Defizit vu ronn 890 Milliounen Euro beim Zentralstaat. Dësen Defizit géif sech virun allem duerch déi héich Investissementer erklären, esou de Pierre Gramegna nom Depot vum Projet fir de Staatsbudget 2018. Beim Gesamtstaat - also den Zentralstaat zesumme mat de Gemengen an der Securité sociale - soll et d'nächst Joer een Iwwerschoss vun 333 Milliounen Euro oder 0,6 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung ginn.
Wat sech hannert dësen Zuele verstoppt, freet de Serge Kesseler de Pierre Gramegna.