Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Sam Gendel & Fabiano do Nascimento - Poeira

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Candlemass & Cradle Of Filth

Candlemass & Cradle Of Filth

Candlemass

An dëser Episod hunn ech nees eng Band am Interview, déi ee gären als Klassiker am Doom Metal ka bezeechnen. Candlemass hu mat hiren éischten 2. Albume Standarde gesat fir de Genre an den 2. Album Nightfall huet d'Band um Wacken integral gespillt. Zënter fënnef Joer hunn d'Schweden en neie Sänger; en neien Album ass awer nach net sou richteg an der Maach. De Grënner, Bassist an Haaptsongwriter Leif war déi lescht Zäit nämlech ze krank. Um Wacken hunn ech mam neie Sänger Mats geschwat a probéiert erauszefannen, wéi et dem Leif geet, wou de Songwriting drun ass, a wéi hie sech als neie Sänger an d'Band integréiert huet.

Release vun der Woch: Cradle Of Filth - Cryptoriana - The Seductiveness Of Decay (7,5/10)

Wann dir de leschten Album vu Cradle of Filth gelauschtert hutt, da wësst dir, wat dir iech onegféier vum neien Album Cryptoriana - The Seductiveness of Decay erwaarde kënnt. Et ass e melodesche Black Metal Album mat vill Orchestréierung, Choueren an dem Dani Filth seng onverkennbar Stëmm.

Wat der Kultband dës Kéier awer nach besser gelongen ass, dat ass dass een als Fan vun der éischter Stonn dacks un déi fréier Wierker vu Cradle erënnert gëtt, virun allem mat der aktueller Sinle Achingly Beautiful, ma dat war mer och well bei der éischter Single Heartbreak and Seance opgefall.

Déi nei, méi modern Elementer vu Cradle hu si awer och an dësem Album verschafft, sou dass et e Koup méi symphonesch a méi Chouer gëtt, wéi fréier. Héichpunkt dovunner ass wuel d'Stéck Wester Vespertine, wat am Fong komplett vu symphonescen Elementer geleet gëtt.



De Problem um neien Album ass allerdéngs, dass en net wierkelch wéi eg Weiderféierung vum vireschten Album kléngt, mä éischter wéi eng Copy. Fir op esou egem kompexen Album wéi deem heiten dat Wuert monoton an de Mond ze huelen, ass schonn iergndwéi komesch, mä ech kommen net dolaanscht, well trotz Komplexitéit an duerchduerchten Arrangementer gëtt et vu Lidd zu Lidd wéineg Ofwiesslung, esou dass alles bëssen ähnlech kléngt. Bëssen ze vill ähnlech, esou dass am Endeffekt kee Lidd wierklech ervirstécht.

Schlecht ass den Album dofir awer nach laang net. Et däerf een ebe just net ze vill Uspréch hunn a vill Ofwiesslung erwaarden. Ma d'symphonesch Elementer si gehirlos gutt gemaach fir déi düster a gotesch Atmosphär ze schafen, wéi ee se vu Cradle gewinnt ass, an och den Dani séngt nees sou héich, dass ee mengt, d'Trommelfeller missten engem platzen. Et ass e gudden Album, awer et wäert definitiv kee Cradle Album ginn, deen de Cradle Fan wäert ervirhiewen, wann hie seng Lieblingsband wëll engem Kolleg virstellen..

Playlist

Slipknot - Before I Forget (Vol. 3: (The Subliminal Verses); Roadrunner; 2004)

Act of Defiance - The Talisman (Old Scars, New Wounds; Metal Blade; 2017)

Candlemass - Samarithan (Nightfall; Axis Records; 1987)

Artillery - When The Magic Is Gone (Penalty By Perception; Metal Blade; 2017)

Vuur - My Champion - Berlin (In This Moment We Are Free; InsideOut; 2017)

Cradle of Filth - Achingly Beautiful (Cryptoriana - The Seductiveness Of Decay; 2017)

Papa Roach - Last Resort (Infest; DreamWorks; 2000)

Episoden