Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Barry Walker Jr. - Ediacaran Moonrise

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Accept & The Black Dahlia Murder

Accept & The Black Dahlia Murder

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Accept

Wéi Wacken Fans wëssen, gëtt et all Joers um beléifte Metal Festival eng "Night To Remember", fir d'Organisateure sech eng Band eraussichen, déi dann eng ganz speziel Show ofliwweren, dacks mat Orchester. Dat war och dëst Joer mat Accept nees de Fall, déi iwwer zwou Bühnen zum engen hiren neien Album virgestallt hunn an zum aneren e Set mat Klassiker gespillt hunn. Donieft huet de Gittarist a Grënner Wolf Hoffmann säin neoklassesche Solo-Projet Headbanger's Symphony fulminant duergeluecht. Am Interview huet de Wolf mir erkläert, wéi hien dëse speziellen Owend erlieft huet a wéi ustrengend esou eng Show ass, wat ee vum neien Album kann erwaarden, a wéi sech säi Songwriting entwéckelt huet.

Release vun der Woch: The Black Dahlia Murder - Nightbringers (9/10)

Den 8. Oktober 2017 koum den neien Album vun The Black Dahlia Murder eraus. Nightbringers heescht en an et ass mat Ofstand de beschten Album vun der Band zënrer Ritual 2011.

Den Album fänkt un, mat engem typesche Black Dahlia Murder Intro Widowmaker, en Track, an deem well all d'Elementer dra sinn, déi mer am Laf vun de Jore vun der Band kennegeléiert hunn, wéi z. B. halsbriecheresch Gittar Riffer, bei deene monter d'Säite geskipped ginn a wou vill Tremolo an denAsaz kënnt an de Mix herno richteg béis kléngt an ee matrappt.

A qualitativ héichwäerteg geet et nom Intro dann och virun. Of God and Serpent, Of Spectre and Snake kënnt mat engem absolut mëlle Riff a Solo dohir, d'Single Matriarch rappt den Hierk vum Teller, grad esou wéi den Titeltrack Nightbringers. E richtegen death n roll Feeling gëtt et dogéint bei der neister Singgle Kings of the Nightworld.



A wann een zu dësem Zäitpunkt scho ferm vum Album beandrockt ass a mengt, et kéint net besser ginn, dann huet ee sech geiert. Den Album hält grad esou staark op wéi en ugefaangen huet. Déi 3 lescht Stécker Catacomb Hecatomb, As Good As Dead zermalmen ee mat hire Riffer a frenetesche Melodien iert et mam leschten Titel The Lonely Deceased fulminant ophält.

Alles an allem ass Nightbringers en Album, dee Melodie vun Nocturnal mam Chaos vun Deflorate vermëscht an d'Resultat ass en Album, deen d'Band nach besser presentéiert, wéi jeemools en Album virdrun.

Playlist

Asphyx - Deathhammer (Deathhammer; Century Media; 2012)

Code Orange - The Mud (Forever; Roadrunner; 2017)

Accept - Koolaid (The Rise Of Chaos; Nuclear Blast; 2017)

DragonForce - Midnight Madness (Reaching Into Infinity; earMUSIC; 2017)

The Ocean - Turritopsis Dohrnii (Single; Pelagic Recodrs; 2017)

The Black Dahlia Murder - Kings of the Nightworld (Nightbringers; Metal Blade; 2017)

Sinsaenum - Ashes (Ashes; earMUSIC; 2017)

Earthgrave - Trapped Existence (The Verge Of Human Abyss; WOOAAARGH; 2017)

Episoden