Kultur
Viel gut essen
D'Sibylle Berg schafft an hirem Text, deen d'Virlag fir dëst Stéck ass, mat alle Feindbiller, deenen een an den soziale Medien, als Kommentar ënner Online-Artikelen an ëmmer méi dacks och op der Strooss begéint. Si sinn all Schold u mengem Misär: d'Migranten an d'Refugiéeën, d'Banken an d'Judden, d'Feministinnen an déi Homosexuell, d'Politiker an d'Immobilienhaien ... Wat sech esou trivial unhéiert, bréngt d'Anne Simon op d'Bühn vum Kasemattentheater a weist, datt hannert den dausend Mol gehéierte Parolle Mënsche stinn, mat deenen een net muss averstane sinn, mä datt et och net duer geet, hinne mat Arroganz a Veruechtung entgéint ze trieden, an awer ... E Stéck, dat rosen, nodenklech, traureg an duerchernee mécht a fir vill Diskussioune wäert suergen, mengt d'Valerija Berdi.