arrow_back_ios
Kultur
"Feed the Meter reloaded" um Wandhaff
Déi englesch Expressioun "Feed the meter" bedeit op Lëtzebuergesch "d'Parkauer fidderen". Dat hunn zwee europäesch Galeristen an en amerikanesche Curateur virun e puer Joer intensiivst gemaach: Si hu kräiz a queesch duerch New York Kënschtler an hiren Ateliere besicht, fir eng Expo iwwert aktuell New Yorker Tendenzen ze preparéieren. D'Ausstellung "Feed the Meter" an der Galerie Ceysson um Wandhaff hat 2015 grousse Succès, esou datt 2017 eng 2. Editioun lancéiert gouf. D'Kerstin Thalau war kucken.