Invité:e vum Dag
Lydie Polfer (DP) a Serge Wilmes (CSV)
Bannent deene leschte sechs Joer ass d'Stad Lëtzebuerg em 20.000 Awunner gewuess. Um Kierchbierg an um Ban de Gasperich sinn nei Quartiere geplangt an deene Wunnengen an Aarbechtsplazen entstinn. D'DP well weider d'Schaffen an d'Wunne méi no beienee bréngen. Dobäi soll d'Liewensqualitéit an de Quartieren erhale bleiwen. Och d'CSV wëllt den Equiliber tëscht Wunnen a Schaffen erëm hierstellen a wëllt fir d'Stater neie Wunnraum schafen, mä d'Fro vun der Mobilitéit bannent der Stad muss am Virfeld geléist sinn.
D'DP Buergermeeschtesch Lydie Polfer an den CSV-Spëtzekandidat Serge Wilmes sti sech am Face-à-Face géigeniwwer. Moderatioun Carole Schimmer.