arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Roberto Traversini (déi gréng) a François Meisch (DP)
Zu Déifferdeng, där drëtt-gréisster Gemeng vum Land, huet dee gréng-rout-schwaarze Schäfferot en ambitiéise Koalitiouns-Programm virgeluecht fir d'"Cité du fer" ze moderniséieren an Liewesqualitéit ze verbesseren. Prioritéite sinn dobäi de Logement, déi sozial Infrastrukturen, de Verkéier an de Commerce. De grénge Buergermeeschter Roberto Traversini an den DP-Spëtzekandidat François Meisch sti sech am Face-à-Face géigeniwwer. Moderatioun Pierre Reyland.