arrow_back_ios
Kultur
De Mishka Henner bei den 13. Photomeetings Luxembourg
"Dat Beonrouegenst um Mishka Henner senge Fotoaarbechten ass hir Schéinheet", hat den ArtNews-Redakter Alex Greenberger dem Mishka Henner säi Wierk kommentéiert. Am Kader vun den 13. Photomeetings Luxembourg presentéiert de belsche Kënschtler d'Serie "Counterintelligence", also Géigespionage. D'Kerstin Thalau war d'Expo an d'Galerie Clairefontaine kucken.