arrow_back_ios
Kultur
E Film Noir a schnéiwäisse Landschaften
E brutale Crime an enger imposanter Landschaft, Personnagen, déi keen Ophiewen ëm hiert Schicksal maachen, iwwerdeems de Publikum mat den Tréine kämpft, eng Schéisserei, an den Hiweis op eng fierchterlech Ongerechtegkeet: dat sinn d'Ingredienze fir "Wind River", de Film, deen dëst Joer zu Cannes mam Prix de la Mise en Scène an der Kategorie "Un Certain Regard" ausgezeechent gouf. D'Cléo Thoma war kucken.