Radioen

On air

Am Buedmantel  |  John Carroll Kirby - Dawn Of New Day Feat. Laraaji

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ High Fighter & Satyricon

High Fighter & Satyricon

High Fighter

High Fighter aus Däitschland hu sech réischt vru puer Joer gegrënnt, notamment 2014. Schonn ee Joer drop hu si vill getourt, mëttlerweil hu si eng EP an en Album dobaussen an dëst Joer hu si souguer schonn um Wacken am Zelt gespillt. Eppes, wat ee schonn als keng schlecht Leeschtung ka bezeechnen. Wéi si dat fäErdeg bruecht hunn, wéi bei hirer Zort vu Mëschung de Songwriting fonktionéiert a wéi eng Roll Weed bei hirer Musek spillt, hu si mir am Interview um Wacken verroden.

Release vun der Woch: Satyricon - Deep Calleth Upon Deep (9/10)

4 Joer no hirem leschte Studio Album hu Satyricon gëschter um 22. September hiren neisten Album Deep Calleth Upon Deep erausbruecht. An um Album fënnt een eng revitaliséiert Versioun vu Satyricon, déi dat perfektionéiert hunn, wat si op hirem self-titled leschten Album ugefaangen hunn, nämlech sech nei ze fannen, wann net, ze erfannen.

Algemeng kann ee soen, dass Satyricon um neie Wierk e gewaltege Schrëtt no vir maachen, an dat mat engem frësche Versteesdemech vun hirer Bestëmmung, doduerch dass si Elementer vun ALL friéerem Satyricon Album huelen, dës zesumme schmëlzen an nei schmidden, ouni dobäi no engem verzweifelte back to the roots Versuch ze kléngen.

D'Resultat dovunn ass souwuel a Punkto Songwriting wéi och a Punkto Performance & Produktioun e Krack méi grouss, méi gewot a méi selbstbewosst. Dem Satyr seng markant Riffer sinn op Deep esouwuel méi stramm wéi och méi melodesch ginn, säi Spille méi iäifreg a méi schäerf, mat méi Hooks, méi Gëft a bësse manner Groove, och wann dësen net feelt.



Wat de Frost ugeet, sou huet dësen - mol ofgesi vu sengem Asaz bei de Black Metaller 1349 - scho laang net méi sou energesch a lieweg geklongen, wéi um neien Album.

Et ass awer am Endeffekt de ganze Songwriting, dee méi tight, méi konzentréiert a méi ambitiéis ass, wouduerch déi gréissten Ännerungen a Verbesserungen um neie Satyricon Album ze erkenne sinn.

Fans vun der Band hire méi ale Wierker wäerte Stécker wéi den Opener Midnight Serpent oder Dissonant gären hunn, déi dach stäerk u Wierker wéi Rebel Extravaganza oder Volcano erënneren, och wa si sech mat engem neien an anere Sound mussen zefridde ginn. Lidder wéi déi neiste Single To your brethren in the Dark oder Black Wings and Withering Gloom werfen op der anerer Säit e Schiet a Richtung The Shadowthrone oder Nemesis Divina. Ma och Referenzen u méi Hook-lasteg Albume wéi Now, Diabolical oder grooveg a melodiséis Albume wéi The Age of Nero gi mat Songs wéi Blood Cracks Open the Gruond oder dem Titeltrack net vernoléissegt.

Fans, déi sech un den neie Sound gewinne kënnen, wäerte mat mir averstane sinn, wann ech soen, dass Deep Calleth Upion Deep ouni Problem de beschte Satyricon Album zënter laangem ass.

Playlist

Motörhead - Love Me Like A Reptile (Ace Of Spades; Bronze Records; 1980)

Cannibal Corpse - Code Of The Slashers (Red Before Black; Metal Blade; 2017)

High Fighter - Darkest Days (Scars & Crosses; Svart Records; 2016)

Cradle of Filth - Achingly Beautiful (Cryptoriana - The Seductiveness Of Decay; 2017)

The Black Dahlia Murder - Matriarch (Nightbringers; Metal Blade 2017)

Samael - Black Supremacy (Hegemony; Napalm; 2017)

Satyricon - To Your Brethren In The Dark (Deep Calleth Upon Deep; Napalm; 2017)

Belphegor - Baphomet (Totenritual; Nuclear Blast; 2017)

Paradise Lost

Episoden