Blue Note
Een Owend mat The Bad Plus
Dee fantasteschen Trio aus New York gouf um Enn vum 20. Joerhonnert gegrënnt an huet gekonnt duerch seng Kreativitéit, säin eenzegaartege Sound an seng markant Concerten zënterhier all Zort vun Kategoriséiere gekonnt vermidden. Déi dräi Museker gesi sech als Band, woubäi keen den absolute Leader ass, mä jidder Eenzelen zum Gruppeklang bäidréit. Enn vum Joer verléisst de Pianist de Grupp, fir sech op seng Solocarrière ze fokusséieren. E gudde Grond fir de Stefano Agostini eng Retrospektiv vun dësem eenzege musikaleschen Universum ze proposéieren.