Radioen

On air

Am Buedmantel  |  John Carroll Kirby - Dawn Of New Day Feat. Laraaji

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ The Haunted & Retrace my Fragments

The Haunted & Retrace my Fragments

The Haunted

Strength in Numbers, sou heescht jo den neien Album vun The Haunted, deen ech iech well virun e puer Wochen am Metal Meltdown presentéiert hat. Am Kontext vun der Release vun dësem zweeten Album mam aktuelle Line-Up, hunn ech mam Sänger Marco Aro en Interview gemaach en hien ënnert anerem gefrot, wéi gutt den aktuelle Line-Up zesumme funktionéiert, wéi et beim Songwriting hirgeet a wéi eng Roll hir Aktivitéiten an de sozialen Netzwierker sou spillen, déi jo virun allem de Gittarist Ola Englund fir sech entdeckt huet..

Release vun der Woch: Retrace my Fragments - Tidal Lock (8/10)

Den nächste Freideg, den 22. September bréngen d'Technical Death Metaller Retrace My Fragments hir nei EP Tidal Lock eraus. Et ass eng EP mat 3 Lidder, dofir kann ech se an dësem Review carrément Track fir Track duerchhuelen.

Dat éischt Lidd "Khlav Kalash", wat wuel eng Referenz op de leckeren Fleesch-Spieß aus de Simsons soll sinn, fänkt éischter roueg un, notamment mat eppes wat no enger Midi Sequenz aus engem 90er Action Spill kéint kommen. Ongewinnt, awer cool. A cool geet et och mam éischte richtege Riff virun, dee richteg fett ass Groove huet. Op den éischte Bléck ass bis elo alles, am Verglach zum Virgänger Ethereal Flux, relativ ontechnesch gehal; bis op d'Batterie, déi gekonnt de Groove spilleresch ënnermoolt. Puer Minutten an d'Lidd eran, geet et dann awer nees méi technesch virun, awer net méi grad esou verréckt, wéi een dat vu Retrace gewinnt ass, iert et dann nees bësse méi grooveg gëtt. D'Melodien a Soloe sinn awer nach ëmmer grad esou virtuos wéi gewinnt. A sou gëtt sech dat ganzt Lidd ofgewiesselt, woubäi déi eenzel Riffer awer quasi net widderholl ginn. Progressiv si Retrace also bliwwen, wann och manner technesch.



Wat iwwregens zimlech séier opfält ass de Manktem u Gesang. Well de Sänger vu Retrace Marty an der Tëscht nëmme méi heiansdo am Land ass, huet sech d'Band entscheed, getrennte Weeër ze goen. An dat ass net dramatesch, well och ouni Gesang kléngen déi nei Lidder net, wéi wann eppse géif feelen. All Riff an all Melodie ass interessant a cool genuch fir alleng am Fokus ze stoen. Eenzege Bemol: Doduerch, dass de Gesang feelt, kënnt dat éischt Lidd am Ufank bësse riwwer wéi en Intro, wat bei enger EP vu just 3 Lidder am Fong iwwerflësseg ass.

Dat zweet Stéck "Le Bison de Hoggs" kléngt nees bësse no deem, wat ee vu Retrace gewinnt ass: verzwickte Riffer a virtuos Melodien, bezéiungsweis Soloen dominéieren hei ganz kloer. Dee selwechte Programm och am drëtten Track "Laserbrain", an deem Retrace relativ am Ufank e Voice Over vun der Princess Leia aus Star Wars agebaut hunn, an den Track wuel och esou säin Numm kritt huet. Laserbrain ass dann och dat Stéck, wou d'Gittariste vu Retrace nees dee Geek eraushänke loossen an nees bësse méi spilleresch a verréckt ginn.

Ma och hei feelt de Groove net, esou dass der Band mat "Tidal Lock" nees eng gesond Mëschung aus techneschem Prog a fettem Groove mat vill Headbang-Potential gelongen ass. Dass Retrace mam Schwieregkeetsgrad vun de Riffer zréckgeschrauft hunn an d'Lidder och net méi esou chaotesch sinn, ass hir Musek op Tidal Lock e Stéck méi zougänglech. Alles an allem eng EP, déi et sech lount a senger Sammlung ze hunn, a vun där een och d'Persentatioun den nächste Freideg am Rockhal Floor net sollt verpassen.

Playlist

Entombed - Stranger Aeons (Clandestine; Earache; 1991)

Cripper - Mother (Follow ME: Kill!; Metal Blade; 2017)

The Haunted - Spark (Strength In Numbers; Century Media; 2017)

Annihilator - Twisted Lobotomy (For The Demented; Neverland Music Inc.; 2017)

Ensiferum - For Those About To Fight For Metal (Two Paths; Metal Blade; 2017)

Decipher - L'Or Bleu (Intuition; Independent; 2017)

Retrace My Fragments - Laserbrain (Tidal Lock; Independent; 2017)

Cosmogon - Intro (Chaos Magnum; Independent; 2014)

Episoden